Verdeelung vu Schnelltester u privat Persounen

Ab dem 14ten Mee goufe Bonge fir Covid-Schnelltester u Persounen déi de Chômage, de Revis oder eng Pensioun bezéien, un d’Stéit verdeelt. Fir all Haushalt ass dee Moment eng Këscht mat Tester virgesinn. Elo ass et esou, dass Persounen an dëse Fäll keng Këscht ze gutt hunn, falls si Personal beschäftegen (z.B. eng Botzfra) oder wann nach weider Persounen zu hirem Stot gehéieren, déi schaffen oder an d’Schoul ginn. Wärend also eng Persoun op der Schaff oder an der Schoul getest gëtt, kéinten déi aner Persounen am Stot sech net testen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Regierung d’Iwwerleeung hannert dëser Entscheedung nach eemol erklären?

  2. Firwat gouf net entscheet, fir all Stot, an deem ob mannst eng Persoun, déi ënnert déi 3 uewe genannte Krittäre fält, eng Këscht Schnelltester zur Verfügung ze stellen, fir hinnen esou den Accès zu de Schnelltester ze garantéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4455

Zesummenhang posts

Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am
An engem Interview mat RTL huet de Wunnengsbauminister wësse gedoen, dass de Staat wäert 2 Projeten an der Stad an am Süde vum Land
Kaderprogramm Péiteng 2023