Verbuet vun Hausdéieren a Wunnengen – eng traureg Realitéit

A menger parlamentarescher Fro n°3813 wollt ech op d’Situatioun vun Déierenhaler um soziale Wunnmarché opmierksam maachen, wou d’Lag oft esou ass, dass Locataire vu Sozialwunnenge kënne verbuede kréien, een Hausdéier an dëser Wunneng ze halen. 

Esou wéi verschidde Leit mir et zougedroen hunn, geschitt dëst awer och um private Wunnmarché. Bei enger Locatioun zum Beispill, kann de Proprietär d’Hale vun engem Hausdéier a senger Wunneng am Mietkontrakt explizitt verbidden.

Wann ee Proprietär vu senger eegener Wunneng ass, ass d’Saach méi einfach, virausgesat, et wunnt een net an enger Residence, déi eng Copropriétéit vu verschiddene Leit ass, well och hei kann d’Assemblée vun dëser Residence d’Hale vun Hausdéieren an de Gemeinschaftsraim (parties communes) verbidden. Dëst Verbuet beschränkt sech allerdéngs op d’Gemeinschaftsraim. Am Privatraum vum Proprietär kann de Proprietär u sech een Hausdéier halen, virausgesat, dass d’Déier kee Kaméidi oder Knascht mécht an déi aner Bewunner stéiert.

Festzestellen ass, dass d’Situatioun fir vill Déierenhaler hei am Land net ëmmer kloer ass an a ville Situatiounen oft zum Nodeel vum Hausdéier entscheet gëtt. A verschiddene Fäll ass et souguer virkomm, dass Persoune mat Assistenzhënn virun de Choix komm sinn, hiren Hond, op Drock vun der Assemblée des Propriétaires, mussen ewechzeginn oder aus der Residence ze plënneren.

Grad an Zäite vu Wunnengsnout dierft et net sinn, dass Persounen an hier Hausdéiere wéinst Diskriminéierung a Stereotyppe vis-à-vis vun den Déiere keng Wunneng hei am Land kréien.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’Regierung Kenntnis dovunner, dass Déierenhaler um Wunnengsmarché diskriminéiert ginn? 

  2. Wäert d’Regierung eppes ënnerhuelen, dass Leit mat Hausdéieren um Wunnmarché besser geschützt ginn, zum Beispill, andeems d’Vertragsklausel mam Déiereverbuet an Zukunft ongeltend gemaach ginn? Wéi eng Pisten wäert d’Regierung hei aschloen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3927

 

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen