Verbuet vun Hausdéieren a Flüchtlingsheemer – eng Nofro

A menger parlamentarescher Fro vum n°5902 wollt ech vum Minister wëssen, ob et wouer dass, dass Flüchtlinge bei hierer Ukonft zu Lëtzebuerg et verbuet kréien, fir hier Hausdéiere mat an d’Flüchtlingsfoyeren ze huelen. De Minister hat deemools Folgendes dorobber geäntwert:

“An dëser Structure d’hébergement d’urgence Kirchberg (SHUK) ass eng designéiert Plaz ageriicht mat Déiere-Boxen, wou de geflüchte Leit hir Déierekënnen ënnerbruecht ginn. D’Inspection vétérinaire kennt emol an der Woch an d‘SHUK fir all d‘Déieren ze chippen, ze impfen an z’entwuermen. Aktuell sinn all d’Leit déi Déiere matbruecht hunn an der SHUK logéiert, mat e puer Eenzelfäll nach op engem anere Site, sou dass si sech net hu misse vun hiren Déieren trennen.”

An engem Post op de soziale Medie vun enger Déiereschutzorganisatioun ass awer lo Folgendes ze liesen: “

“Seid en Doneschten acceptéiert d’ONA keng Déiere méi an där Struktur um Kierchbierg wou d’Flüchtlinge als éischt ënnerkommen. Ganz schwéier ze verstoen an och net ze acceptéieren. Am Mäerz, wéi di éischt Flüchtlinge mat Déiere bei eis an d’Land koume war dat effektiv eng ganz nei Situatioun wou organisatoresch ganz sécher eng Erausfuerderung war. Dat ass awer lo iwwert 8 Méint hir, sou dass een eigentlech misst kënnen erwaarden dass dat mëttlerweil keen Thema méi däerft sinn. [sic]”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister bestätegen, dass keng Déieren méi an der SHUK akzeptéiert ginn? Falls jo, zënter wéini gëllt dëst Verbuet a wat ass de Grond dovunner?  

  2. Wat huet zënter der Äntwert vum Minister am Mäerz geännert, déi dëst Verbuet rechtfäerdegt?

  3. Wat geschitt mat den Déieren, déi vun hiere Proprietäre getrennt ginn?  Kann de Minsiter versécheren, dass d’Déieren net wäerten ageschléiert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7170

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt