Verbrauch vu Gas a Petrol beim Staat

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°6214 huet de Minister geäntwert, dass d’Verwaltung fir ëffentlech Bauten an och Wunngebaier vun der ëffentlecher Hand nach zu groussen Deeler mat Gasheizungen equipéiert goufen. Dem Minister fir ëffentlech Aarbechten no, wäert een ab 2023 domadder ophalen. Fakt ass deemno, dass de Staat a seng sëllege Verwaltunge selwer nach ee groussen Deel vun de Gebaier mat fossille Brennstoffer hëtzen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Gebaier sinn aktuell am Besëtz vum Staat?  Wéi vill Gebaier ginn aktuell vum Staat oder vun ëffentlechen Etablissementer gelount?

  2. Wéi vill vun de Gebaier, déi vum Staat genotzt ginn oder dem Staat gehéieren, sinn aktuell mat enger Gasheizung equipéiert?

  3. Wéi vill vun de Gebaier, déi vum Staat genotzt ginn oder dem Staat gehéieren, sinn aktuell mat enger Masuttsheizung equipéiert?

  4. Wéi vill vun de Gebaier, déi vum Staat genotzt ginn oder dem Staat gehéieren, hëtze schonns mat nohaltëgen Heizsystemer?

  5. Wéi vill Euro goufen an de vergaangenen 3 Joer (opgelëscht pro Joer) fir Gas beim Staat ausginn? Wéi vill Kubikmeter Gas waren dëst pro Joer?

  6. Wéi vill Euro goufen an de vergaangenen 3 Joer fir Masutt beim Staat ausginn? Wéi vill Liter Masutt waren dat pro Joer?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6546

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt