Verantwortung vum Inneministère beim TICE

D’FGFC beschreift an engem Communiqué vun haut ee schlecht Personalmanagement beim TICE. Ried ass vu “Schikane als Strategie”, wou scho klenger Bagatellen direkt mat Drock an eeserner Fauscht bestrooft ginn. Eng Personalëmfro innerhalb vum TICE schéngt ee schlecht Aarbechtsëmfled ze bestätegen. Den Inneminister ass anscheinend schon zënter Joren iwwert den Ëmgang vum Personal duerch d’TICE-Direktioun informéiert gewiescht: “Seit über einem Jahr wartet die Personalvertretung auf Antworten zu gravierenden Fragen. Es entsteht der Eindruck, dass einzelne verantwortliche Mitarbeiter diese Vorgänge bewusst verzögern oder gezielt ignorieren. Damit stellt sich die Frage, ob das Vorgehen des TICE-Managements stillschweigend toleriert wird, um eine „Verschlankung“ des kommunalen Transportwesens voranzutreiben – und ob der Minister selbst über dieses Vorgehen in seinem Haus umfassend informiert ist?”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wosst den Inneminister vun den Zoustänn am Ëmgang mam Personal beim TICE Bescheed? Falls jo, firwat huet hien net reagéiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2543

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt