Venten op soziale Netzwierker

Den Handel iwwert d’sozial Medien hëlt ëmmer méi grouss Enverguren un. Duerch Annoncen an och Live Streams gi mëttlerweil grouss mengen u Wuere verkaaft. Ee klore gesetzleche Kader, wéi een als privat Persoun dëst Akommes muss deklaréieren, schéngt et awer nach net ze ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Muss eng privat Persoun d’Akommes aus Venten op soziale Medie bei der Steierverwaltung uginn? Falls jo, ab wéi engem Montant?

  2. Ab wéi engem Montant braucht eng Privatpersoun eng Autorisation d’établissement?

  3. Gesäit de Ministère d’Gefor, dass Betriber ënnert dem Numm vu privat Persounen Wueren op de soziale Medie kënne verkafen, fir esou eng Besteierung ze ëmgoen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4589

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt