De Staat keeft Wunnengen, d’Piraten halen een Aa drop

De 17ten Abrëll huet de Minister fir Wunnengsbau den Deputéierten an der Logementskommissioun Informatiounen geliwwert zum Kaf vu private Wunnprojeten duerch de Staat (VEFA-Projeten). Well et sech hei ëm Investitiounen a Milliounenhéicht handelt, hat de Marc Goergen an där Sitzung gefrot, ob de Minister eis kéint méi Detailer zu den Immobilieprojeten ginn, déi de Staat hei akeeft. Den 29ten Abrëll huet de Wunnengsbauministère der Logementskommissioun eng Oplëschtung mat all den Immobilieprojeten geschéckt, déi de Ministère anaylséiert huet (Synthèse Vente en Etat futur d’Achèvement CAL29). 

Heiraus geet ervir, dass 90 Wunnunitéiten fir 55 Milliounen vun der Firma Tracol ofkaf goufen zu Déifferdeng an um Kierchbierg. Dat wier een Duerchschnëttspräis vun 611.111€ pro Wunneng. 71 weider Wunnunitéiten sinn reservéiert fir ee Präis vu ronn 32 Milliounen Euro, dat wier een Duerchschnëttspräis vun 450.000€ pro Wunneng.

Dës Informatiounen eleng soen allerdéngs net vill iwwert d’Wunnprojeten aus. Dofir hunn d’Piraten méi Detailer gefrot, fir déi Wunnengen, wou de Kafakt schonn ënnerschriwwen ass.

QP

Zu Lëtzebuerg ginn zënter Joren net genuch Wunnengen gebaut, fir der Demande vum Marché gerecht ze ginn. Dobäi kënnt, dass d’Land et net fäerdeg bréngt, méi Wunnegen a grad méi Wunnengen am erschwéngleche Präsisegment ze bauen. Vill Leit waarden zënter Joren op hir Chance, fir Eischtbesëtzer kënnen ze ginn.

De Staat muss méi bauen an d’Regierung huzet versprach, dass 480 Milliounen fir de Kaf vun erschwéngleche Wunnengen géifen investéiert ginn. Mam Staatsbudget soll de Staat proaktiv Immobilieprojeten opkafen (VEFA) fir esou d’Unzuel u Wunnengen an ëffentlecher Hand signifikativ mat erschwéngleche Wunnengen opzestocken.

De Minister äntwert op meng Fro n°2102, dass am Joer 2024 ronn 126 Milliounen Euro fir 208 Wunnengen bezuelt goufen.

Den 29ten Abrëll 2024 hat de Wunnengsbauministère der Logementskommissioun eng Oplëschtung mat all den Immobilieprojete geschéckt, déi de Ministère analyséiert huet (Synthèse Vente en Etat futur d’Achèvement CAL29). 

QP n°2277

CHD

Zesummenhang posts

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Zu Lëtzebuerg gëtt d’Kommunikatioun tëscht Bierger:innen a Verwaltungen duerch d’Gesetz vum 24te Februar 1984 sur le régime des
Bei den CFL kann d’Personal aus dem Cadre permanent ee Promotiounsexamen an hirer jeeweileger Carrière maachen. D’Leit, déi den Examen packen, kënnen esou an
Den Inneministère hat de Gemengen am Joer 2022 an der Circulaire n°4062 matgedeelt, dass si d’Bierger:innen bei Entscheedungen am Bréif mussen iwwert hir juristesch