Vapes – Decisioun Cargolux

Ufank Mäerz gëtt den Här Gilles Roth um Radio 100,7 follgendermoossen zitéiert: „Mir kënnen net op Recetten aus dem Tubaksverkaf verzichten“. Dës Ausso ass kohärent mat dem presentéierte Budget an ënnert anerem der Ukënnegung, Accisen op neien Tubaksproduiten anzeféieren, wéi zum Beispill och sougenannte Vapes (jetabel elektronesch Zigaretten).
Kuerz drop annoncéiert d’Cargolux, mat de wichtegste Facilitateur vun Importatiounen zu Lëtzebuerg, dass sougenannte Vapes op alle Flich vun der Cargolux wäerte verbuede ginn, dëst aus Bedenke wat déi ëffentlech Gesondheet an d’Ëmwelt ugeet. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass de Finanzminister iwwert dës Decisioun am Viraus informéiert ginn? Wéi positionéiert sech de Finanzminister par rapport zu dëser Decisioun?

  2. Wäert zu dësem Thema nach en Austausch mat der Cargolux stattfannen?

  3. Wéi eng Auswierkung huet dës Decisioun vun der Cargolux op déi previsionnel Recettë vun dësem an den nächste Joren? Falls en Impakt virläit, wéi eng Upassunge mussen um Budget virgeholl ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 473

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt