Valabelen Impfzertifikat fir EU-Reesen

Wéi de Gesondheetsministère haut op de sozialen Netzwierker matdeelt, sollen Impfzertifikater fir Reesen an Europa opgrond vun enger EU-Virschrëft nëmmen nach 9 Méint gëlteg sinn. Laut Matdeelung soll dat och fir d’Zertifikater, déi eng Booster-Impfung festhalen, gëllen. D’Tageschau mellt am Artikel “Ohne Booster noch neun Monate gültig” allerdéngs, dass den Booster-Zertifikat onbegrenzt gülteg ass.  Am Covid-Gesetz ass am Artikel 3bis ze liesen: “La validité du certificat de vaccination est de deux cent soixante-dix jours à compter de la date à partir de laquelle le schéma vaccinal est considéré comme complet. La validité du certificat relatif à la vaccination de rappel est illimitée.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Op wéi eng EU-Virschrëft bezitt sech de Ministère hei?

  2. Gëllt d’Limitatioun vun 9 Méint bei Reesen an Europa nëmmen fir Zertifikater, déi ee kompletten Impfschéma festhalen, oder och fir Zertifikater no enger Booster-Impfung?

  3. Am Fall wou dës Virschrëft sech och op Booster-Impfunge bezitt, wäert Lëtzebuerg dës Virschrëft applizéieren?

 

De Ministère huet säin Post ronn 40 Minutte no eiser Fro verbessert.

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5650

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt