Utilisation des parcmètres pendant la pandémie de la Covid-19

Verschiddenen Etüden no kann de Sars-Cov-2 bis zu 9 Deeg op Uewerflächen aus Plastik, Glas oder Metall iwwerliewen. Dëst bedeit, datt de Virus dobaussen op eise Stroossen a fir méi präzis ze sinn, op eise Parkingen, präsent ka sinn. D’Parkaueren, bei deenen d’Armaturen jo meeschtens aus Plastik oder Metall sinn, funktionnéieren ganz gutt als “Brutkasten” vun esou Viren, well hei honnerten Leit pro Dag mat den Hänn dru ginn.  Bei verschiddene Parkaueren, bei deenen de Benotzer souguer seng Nummereplack muss op eng Tastatur aginn, ass d’Kontaktzäit tëschent den Hänn an der net desinfizéierter Uewerfläch oft nach méi laang. D’Risiken, sech de Virus also vun enger Parkauer matzehuelen, si ginn, ëmsou méi, wann sech bei verschiddene Parkauere Schlaange vu Leit bilden, fir ze bezuelen. Net jiddereen huet ëmmer een Desinfektiounsgel am Auto, soudatt een dann eben mat de potenziell infektiéisen Hänn aner Uewerflächen kontaminéiere kéint.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass et ugesiichts vun der Covid-19-Pandemie aktuell recommendabel, datt d’Leit Parkaueren benotze sollen?

  2. Wär et net sënnvoll, bei de Parkaueren, wou een d’Nummereplaque vum Auto muss aginn, dës Funktioun bis op Weideres ze deaktivéieren?

  3. Wär et net sënnvoll, dass bei all Parkauer och direkt een Difenktiounsgel disponibel wär? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3085

Zesummenhang posts

 D’Studentevereenegung ACEL huet rezent ëffentlech Kritik un der Regierung gelooss, wat d’Organisatioun vun der Studentefoire betrëfft. D’CSJ huet an engem Communiqué d’Kriticken vun der
Am Beräich vum Kanner- a Jugendschutz schaffe vill staatlech an net-staatlech Organisatioune ronderëm d’Auer, 24Stonnen op 7, fir Projeten an Hëllefsmoossnamen ëmzesetzen. D’Hëllef kënnt