Deprecated: Use of "self" in callables is deprecated in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/a2-optimized-wp/core/A2_Optimized_CacheEngine.php on line 119
Urwal bei de Piraten zu de Verfassungsännerungsvirschléi – PIRATEN
Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Urwal bei de Piraten zu de Verfassungsännerungsvirschléi

Aktuell leien an der Chamber véier (4) Verfassungsännerungsvirschléi vir. Well d’Piraten fannen, datt de Bierger gefrot soll ginn wann et ëm eng Reform oder eng Revisioun vum wichtegste Gesetz geet, dat mir hei am Land hunn, huet d’Parteileedung an hirer Sëtzung vum 6. Oktober 2021 decidéiert, bei all hire Memberen eng Urwal zu dëser Fro ze organiséieren.

Dat ass elo geschitt: d’Memberen sinn ugeschriwwe ginn a konnten per Bréifwal, anonym, ofstëmmen. Si haten eng Woch Zäit dofir. Wëll mir a Präsens vu gläich véier (4) Verfassungsännerungsvirschléi sinn, konnten si sech och véiermol prononcéieren an dat hunn dann och eng ganz Rei vun hinne gemaach:

  • Bei der Propositioun 7575, déi sech mat der Justiz zu Lëtzebuerg befaasst, sinn 81,1% vun de Memberen fir dëse Verfassungsännerungsvirschlag, 10,3% sinn dogéint an 8,6% hu sech enthalen.
  • Bei der Propositioun 7700, déi sech mat der Organisatioun vum Staat befaasst, sinn 82,7% vun de Memberen fir dëse Verfassungsännerungsvirschlag, 12,1% sinn dogéint a 5,2% hu sech enthalen.
  •  Bei der Propositioun 7755, déi sech mat de Rechter a Flichte vun de Bierger befaasst, sinn 79,3% vun de Memberen fir dëse Verfassungsännerungsvirschlag, 15,6% sinn dogéint a 5,2% hu sech enthalen.
  •  Bei der Propositioun 7777, déi sech mat der Deputéiertechamber a mam Conseil d’Etat befaasst, sinn 84,5% vun de Memberen fir dëse Verfassungsännerungsvirschlag, 12,1% sinn dogéint a 3,4% hu sech enthalen. (Stand: 21.10.2021)

 

Nom 21ten Oktober sinn nach weider Ziedelen ukomm esou dass mir haut dës Zuele kënne nennen:

  • Bei der Propositioun 7575, déi sech mat der Justiz zu Lëtzebuerg befaasst, sinn 83,3% vun de Memberen fir dëse Verfassungsännerungsvirschlag, 9,1% sinn dogéint an 7,6% hu sech enthalen.
  • Bei der Propositioun 7700, déi sech mat der Organisatioun vum Staat befaasst, sinn 86,8% vun de Memberen fir dëse Verfassungsännerungsvirschlag, 9,2% sinn dogéint a 4% hu sech enthalen.
  • Bei der Propositioun 7755, déi sech mat de Rechter a Flichte vun de Bierger befaasst, sinn 80,3% vun de Memberen fir dëse Verfassungsännerungsvirschlag, 15,1% sinn dogéint a 4,6% hu sech enthalen.
  • Bei der Propositioun 7777, déi sech mat der Deputéiertechamber a mam Conseil d’Etat befaasst, sinn 84,8% vun de Memberen fir dëse Verfassungsännerungsvirschlag, 12,1% sinn dogéint a 3,1% hu sech enthalen. (Stand 25.10.2021)

 

 

D’Piraten soen hire Membere Merci, datt si bei dëser Urwal matgemaach hunn a si esou eendeiteg fir déi betraffe Verfassungsännerungsvirschléi gestëmmt hunn. Well d’Sensibilitéit vun de Piraten ganz kloer fir e Referendum ass, hunn déi zwee Deputéiert Sven Clement a Marc Goergen d’Plattform Matbestemmung.lu an d’Liewe geruff.    

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll