Urteel vum Verwaltungsgeriicht a Punkto RTL Kontrakt

D’Pirate gesinn am rezenten Urteel vum Verwaltungsgeriicht, duerch dat d’Regierung verflicht gouf, den Deputéierten Asiicht an de ganze Konzessiounsvertrag tëscht RTL an dem Lëtzebuerger Staat ze ginn, ë wichtege Schrëtt hin zu méi Transparenz an enger Stäerkung vun der Legislativ als Kontrollorgan vun der Regierung.

Nodeems de Sven Clement iwwerpréiwe wollt, ob RTL duerch d’Restrukturéierungspläng vun 2019 nach géif d’Konditiounen aus den Kontrakt mam Lëtzebuerger Staat respektéieren, a vum Premier- a Medieminister Xavier Bettel den Zougang zum besoten Dokument verweigert krut, hat den Deputéierten eng Klo um Verwaltungsgeriicht agereecht. An zweeter Instanz krut den Deputéierte elo d’Recht zougesprach Abléck an de Kontrakt tëscht dem Staat an RTL ze kréien, fir senger Aufgab als Deel vun der Legislativ nozekommen an d’Méiglechkeet ze kréien, d’Regierung ze kontrolléieren, esou wéi et an der Verfassung festgehalen ass.

De Sven Clement gesäit an der Entscheedung vum Verwaltungsgeriicht “e Grondsazurtdeel, dat de Wee fir eng besser parlamentaresch Kontroll fräi mëscht an e Gewënn fir d’Demokratie an d’Transparenz”.

Et gëtt sech erwaart, dass an de kommende Woche weider Deputéiert vun hirem Recht gebrauch wäerte maachen, an eng Demande beim Medieminister areechen, fir en Abléck an de Vertrag mat RTL ze kréien, an esou e wéineg méi Luucht an dësen Dossier ze bréngen.

De Spriecher vun de Piraten, de Starsky Flor, betount, wat fir Konsequenzen d’Urteel vum Verwaltungsgeriicht och fir aner politesch Dossieren huet:

“Bis elo war et üblech, dass d’Regierung Kontrakter am Numm vum Lëtzebuerger Staat agaangen ass, ouni dem Parlament mussen en Abléck an dës Dokumenter ze ginn. Dat wäert sech an Zukunft änneren. Ech si mir sécher, dass dëst Urteel iwwert de konkrete Fall vun RTL eraus och fir aner Verträg a Memorandum of Understandings als Grondlag fir eng besser parlamentaresch Kontroll dénge wäert.”

Fir d’Piraten-Deputéiert Sven Clement a Marc Goergen steet op allefalls scho fest, dass si et net bei RTL beloosse wëllen. D’ Verträg mam Jugurtsproduzent FAGE, genee esou ewéi d’Kontrakter, déi am Kader vun der Versuergung vu Lëtzebuerg mat Impfstoffer géint de Covid-19 vun der Regierung ënnerschriwwe goufen, sti ganz uewen op der Lëscht, fir vun den Deputéierten iwwerpréift ze ginn.

D’Pirate freeën sech, duerch hier Plainte, an deem wichtegen Urteel zu deem se gefouert huet, dozou bäigedroen ze hunn, d’Parlament an domat och d’Demokratie am Land ze stäerken.

 

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat