Unzuel vun Arrivéeën um Findel

Et gouf un eis eru gedroen, dass et rezent zu ville Verspéidunge bei den Arrivéeë vun de Passagéierflich hei um Findel géif kommen. Dëst, well d’Direction de l’Aviation Civile (DAC), der Administration de la navigation aérienne (ANA) géif virschreiwen, dass d’ANA just nach 12 Arrivéeën an der Stonn, amplaz vun deene bis dohi méiglechen 20, dierf erlaben.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister bestätegen, dass d’DAC der ANA viru kuerzem virgeschriwwen huet, just nach 12 Arrivéeën an der Stonn ze erlaben?
  2. Sollt dës Limitatioun an der Unzuel vun de méiglechen Arrivéeë pro Stonn der Realitéit entspriechen, firwat ass et zu dëser Ännerung komm?
  3. Wéi vill Vollen am Passagéiertransport landen, opgeschlësselt pro Mount, pro Joer um Findel?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7950

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen