An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°1838 schreift de Minister, datt an de leschte Joren d’Unzuel vun de Mises en demeure dramatesch geklomm ass, besonnesch am Beräich vun de Bildungs- a Betreiungsstrukturen (SEA). Esou gouf et eng Hausse vu 17 Mises en demeure am Joer 2020 op 175 am Joer 2024. Zum Beräich vun de Bildungs- a Betreiungsstrukturen (SEA) gehéiere laut dem Internetsite vum Educatiounsministère “iwwer 880 Bildungs- a Betreiungsservicer a Minicrèchen an 360 Dageselteren, déi pedagogesch Betreiung fir iwwer 68 000 Kanner am Alter vun 0 bis 12 Joer ubidden”.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Kann de Minister déi 175 Mises en demeure méi genau opschlësselen no der Aart vun der Betreiungsstruktur an ënnerdeelt a staatlech respektiv privat Strukturen?
-
Ginn d’Elteren doriwwer informéiert, wa bei der Kontroll vun enger Betreiungsstruktur Verstéiss festgestallt goufen an dës eng Mise en demeure kritt huet? Wa jo, ënnert wat fir enger Form kann oder muss dat gemaach ginn?
-
An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n° 2092 huet de Minister geschriwwen: “D’Konsequenze vu widderhuelte Verstéiss ginn individuell evaluéiert, ofhängeg vun der Gravitéit an dem Wëlle vun der Struktur, d’Normen anzesetzen. Nieft dem Entzuch vum Agrement kann et zu weidere Mesurë kommen, wéi zum Beispill: […] Restriktiounen am Fonctionnement vun der Struktur”.
Ëm wat fir Restriktioune kann et sech heibäi genau handelen?
QP Nummer 2291