Unerkennung vun digitalen ukraineschen Dokumenter

Mat Hëllef vun der ukrainescher App Dija (“Aktion”) goufe virum Ausbroch vum Krich an der Ukrain eng Rei staatlech administrativ Prozeduren an och perséinlech Pabeieren digitaliséiert. De Benotzer*innen vun der App ass et esou bspw. méiglech offiziell Dokumenter an der App ze generéieren/späicheren a bei enger Kontroll ze presentéieren. Grad a Krichszäite kann et fir geflüchte Persoune schwéier sinn, un hier offiziell Dokumenter ze kommen, wann dës virun der Flucht zerstéiert goufen oder wärenddeem verluer gaange sinn. En Unerkenne vun den digitalen Dokumenter aus der ëffentlecher Applikatioun Dija duerch Lëtzebuerg an och aner EU-Staate kéint deemno villen Ukrainer*innen eng Hëllef sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ginn zu Lëtzebuerg digital Dokumenter aus der ukrainescher App Dija als offiziell Dokumenter akzeptéiert?

  2. Falls net: Firwat net a wat misst geschéien, fir eng Unerkennung méiglech ze maachen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6262

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt