Unerkennung vun auslänneschen Diplomer

Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am Land wëll unerkenne loossen. An der Reegel ass esou eng Unerkennung net néideg, wann den Diplom vun engem Lëtzebuergeschen Ausbildungsinstitut ausgestallt ginn ass, well da gëtt en automatesch enregistréiert. Et kann ëmmer sinn, dass den Diplom guer net unerkannt gëtt an eng Inscription am Registre refuséiert gëtt vum Ministère. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi laang huet et an der Moyenne an deene leschte 5 Joer beim Ministère gedauert, fir eng Demande fir eng Unerkennung vun engem auslänneschen Diplom ze traitéieren?
    Wat war d’Moyenne fir Persoune mat Diplom aus engem EU-Land? Wat d’Moyenne fir Persoune mat Diplom aus engem Net-EU Land?

  2. Op déi leschte 5 Jore gekuckt, wéi laang hunn d’Persounen am éischten an am leschte Quintil misste waarden, bis hir Demande vum Ministère traitéiert gouf?

  3. Wat war an deene vergaangene 5 Joren déi längste Waardezäit, fir eng Demande ze traitéieren?
    Wat war an deene vergaangene 5 Joren déi kierzte Waardezäit, fir eng Demande ze traitéieren?

  4. Wéi vill Prozent vun den Demandë ginn ofgeleent? Wat ass heifir den heefegste Grond?

  5. Ass den Här Minister der Meenung, dass d’Delais de Traitement sollte verkierzt ginn?
    • Wa jo, wéi eng Méiglechkeete gëtt et, fir dëst z’erreechen?
    • Wann nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8056

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt