UN Migratiounspakt

Ried vum Marc Goergen zum UN Migratiounspakt:

Dir Damen, dir Hären,

Diskussioun wou mir haut feieren,
ass mat déi wichtegst wou ee kann hei am Haus féieren,
well et geet net em Objets, Bauprojets, Zuelen,
mee em Mënschen.

Hannert all Migrant,
steescht Leed, Angscht an een Drama.

Keen verléisst säin Doheem,
seng Famill a Kollegen,
ouni ee kräftege Grond.

Fir vill Situatioun am Noen Osten, Afrika quasi weltweit,
do kenne mir als Europäer Schold net vun eis wäissen.
Eis Aussepolitik, zesumme mat den USA, ass wat de Frieden ubelaangt een Desaster.

Mir schaffen selwer Migrantenwellen & Krisen, sief et duerch kapitalistesch Interessen, korrupte Waffeliwwerungen oder wéinst Buedemschätz.

Huele mir nëmmen zwee Beispiller vun enger desolater Situatioun:

Mënschen gi gefoltert, verkaaft an als Sklaven ausgebeut.

D’Mëttelmier ass e Kierfeg ginn.

Dess Mënsche sinn einfach Ziler fir Mënschenhändler a Schleusser.

Nemmen zwee Beispiller, et ginn da esou vill,
dass all Parteien hei am Haus, mol net zesummen, genug Riedenzäit hunn, fir d‘Leed an Problemer vu Migranten
och nemmen un zedeiten.

Iwwerall uechtert d’Welt ass Migratioun eng Source vu Leed an dem
Net-respektéiere vun de Mënscherechter.
Heigéint muss eppes ënnerholl ginn.

De Migratiounspakt ass den Ufank fir Standarde  weltwäit am Ëmgang mat Migranten un ze passen, weltwäit muss dat selwecht Grondrecht an de selwechte Schutz bestoen.

Et ass also och an eisem Interessi datt endlech am Sënn vun enger koordinéierter a mënschewierdeger Migratiounspolitik zesumme geschafft gëtt.

Mee de Pakt geet net duer, mir fuederen als Piraten datt och op europäeschem Niveau verstäerkt no enger Léisung gesicht gëtt, fir sech e gemeinsame rechtleche Kader,
innerhalb vun der EU am Ëmgang mat der Migratioun ze ginn.

Lëtzebuerg kann a muss nach weider Efforten am Ëmgang mat de Migranten maachen.

Mir mussen op weider Migratiounswelle preparéiert sinn. Di lescht Migratiounswell huet gewisen datt een och zu Lëtzebuerg nach net adequat op esou eng Situatioun preparéiert war.

Hei musse souwuel d’Gemenge wei och de Staat nach Efforte maachen.

Migratioun dierf net zu Angscht feieren,
mir musse op Sécherheet zu Lëtzebuerg an der EU oppassen,
och fir all Migrant mussen eis lokal Gesetzer gëllen an agehale ginn,
dozou gehéiert och de Respekt ënnert de Migranten.

Mir mussen haut di néideg Mesuren treffe fir am Fall vun enger neier Migratiounswell besser preparéiert ze sinn.

Migratioun ass ee globaalt Thema a muss dowéinst och vun der internationaler Staategemeinschaft als solches traitéiert ginn.

Wien dëse Pakt a Fro stellt, dee stellt och di international Coopératioun a Fro,
de stellt a Fro, dass ausserhalb vun der EU kenne Grënn vun der Flucht geleisst ginn.

Et muss vieles géint d’Ursaache vun der Migratiouns an den Hierkonftslänner ënnerholl ginn.

Fir eis ass et ganz wichteg,
D’Souveränitéit vun all Land bleift bestoen an ass fräi a senger Migratiounspolitik.
Den UN Migratiounspakt beweist datt de Multilateralismus trotz ville rietspopulisteschen Tendenzen uechtert d’Welt net ausgestuerwen ass.

Mir sollten eis iwwert d’Geforen awer och iwwert d’Chancë vun der Migratioun bewosst sinn.

Op dësem Punkt muss d’international Gemeinschaft hier Responsabilitéit huelen, sech gemeinsam Normen fir den Ëmgang mat Migranten ginn.

D’Konditioune vun de Migranten an den Transit- an Zillänner musse verbessert ginn.

Net ze vergiessen, an Zukunft wäert och Thema vu Klimaflüchtlingen op eis zoukommen, och dorop sollt déi nei Regierung virbereet sinn.

De Pakt berout op enger rei Prinzipien di et ze respektéiere gëllt.

Hei e puer Punkten :
De Mënsch soll am Mëttelpunkt stoen,
d’international Zesummenaarbecht soll promouvéiert ginn,
d’national Souveränitéit bleift bestoen,
d’Onofhängegkeet vun der Justiz an d’Rechtsstaatlechkeet musse respektéiert ginn, d’Mënscherechter solle gestäerkt a verdeedegt ginn,
ma och d’Fraen a Kannerrechter solle méi staark geschützt ginn.

Mir Pirate sti fir de Migratiounspakt an, fuerderen awer nach wieder Moossnamen

Merci

Zesummenhang posts

Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen
 Ee WORT-Artikel vum 23ten Dezember 2024 hat informéiert, dass op der Schnellstreck vum Tram tëschent der Stad an dem Belval elo dach ee weideren