Umeldung bei der Krankekeess

Vill Leit wiesselen am Laf vun hirem Liewen de Wunnsëtz an ëmmer méi Leit ginn och an d’Ausland wunnen, sief et well si do eng Aarbecht fonnt hunn oder fir hire Liewensowend ze genéissen. Wa Persounen hire Wunnsëtz definitiv an d’Ausland verleeën, mussen si sech zu Lëtzebuerg ofmellen. Domat sinn si natierlech och net méi bei der Krankekeess affiliéiert. Si kréien dann een entspriechenden Ziedel, mat dem si sech an hirem neie Wunnland bei der Krankekeess kënnen umellen. Bis dëse Prozess ofgeschloss ass an d’Leit nees krankeverséchert sinn, kann et awer wuel e puer Wochen daueren, an deenen d’Leit net richteg verséchert sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Geet dës Karenzzäit, déi entsteet, fir sech bei der Krankekeess zu Lëtzebuerg a bei der Krankekeess am neie Land of- an unzemellen, op eng lëtzebuergesch oder eng europäesch Gesetzgebung zréck?

  2. Sollt et sech ëm eng reng lëtzebuergesch Legislatioun handelen, ass d’Regierung gewëllt, déi definitiv Ofmeldung bei der Lëtzebuerger Sécurité social esou laang ze verlängeren, bis déi definitiv Umeldung am neie Wunnland ofgeschloss ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 406

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt