Ukrain-Kontaktgrupp

 D’Ukrain-Kontaktgrupp huet sech eng leschte Kéier zu Ramstein getraff, ier den Donald Trump nees säin Amt untrëtt. Dës Grupp war an der Vergaangenheet zentral fir d’Koordinatioun vu Waffeliwwerungen an d’Ënnerstëtzung vun der Ukrain.
Mat der Erausfuerderung vun engem Muechtwiessel an den USA an dem Donald Trump sengem Zeréckkommen an d’Wäisst Haus, ginn et Froen iwwert d’Zukunft vun dësem wichtege Format a wéi eng Roll et an Zukunft nach wäert spillen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi gesäit d’Lëtzebuerger Regierung d’Zukunft vun der Ukrain-Kontaktgrupp no de rezenten Entwécklungen an den USA?

  2. Wäert Lëtzebuerg sech dofir asetzen datt d’Grupp an hirem aktuelle Format bäibehale gëtt an d’Ënnerstëtzung fir d’Ukrain onvermënnert virugeet?

  3. Wéi kann d’EU eventuell eng méi grouss Roll an dësem Kontext iwwerhuelen, fir de laangfristegen Impakt vun den US-Walen op d’Ënnerstëtzung fir d’Ukrain ze limitéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1748

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene