Ugrëff op UN-Zaldoten am Mali

Laut der däitscher Presseagentur koum et de Moien am Mali zu engem Ugrëff op Zaldote vun der UN-Missioun MINUSMA. Den Ausseminister hat an enger virrechter Fro (n°2683) bestätegt, dass Lëtzebuerger Zaldoten un der MINUSMA-Missioun Deel huelen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn och Lëtzebuerger an dës Attacke geroden?

  2. Huet sech d’Risikolag fir eis Zaldoten a Poliziste verännert?

  3. Plangt d’Regierung, fir eis Zaldoten ze rapatriéieren oder op der Plaz ze loossen? Falls d’Zaldote sollten am Mali bleiwen, wéi eng zousätzlech Sécherheetsmoossname gi getraff?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4559

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt