Ufro vun der UN fir Krisenhëllef

D’UNRWA freet dréngend 104 Milliounen US Dollar fir hir humanitär Aarbecht am Gaza Stréif. Déi Fongen gi gebraucht fir op déi direkt Liewensmëttel-, Gesondheets-, Ënnerdaachs- a Schutzbedürfnisser vu bis zu 250.000 Persounen ze reagéieren, déi Sécherheet an UNRWA Strukturen a Gaza sichen an aner 250.000 Palästina Flüchtlingen an der Gemeinschaft. D’Bedierfnesser vu spezifesche vulnérabele Gruppen si berécksiichtegt ginn, dorënner Fraen, Kanner, Leit mat Behënnerungen an eeler Leit. Dëst Geld soll fir déi nächst 90 Deeg den Leit a Gaza hëllefen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert Lëtzebuerg sech un dësem Hëllefsruff bedeelegen? 

  2. Wa jo, wéi vill Geld wäert Lëtzebuerg zur Verfügung stellen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8384

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt