TVA Reduktioun op Photovoltaik

Den 22ten Juli huet ee Koalitiounspartner ugekënnegt, dass eng Reduktioun vun der TVA op d’Photovoltaik kënnt. Mengen Informatiounen no ginn et éischt Clienten, déi elo Zweiwel un hirer Commande hunn a léiwer wëlle waarden, bis d’TVA-Reduktioun do ass, fir hir Anlag ze kréien. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéini plangen d’Ministeren d’Propos vun den 3% TVA op Photovoltaik an de Ministerrot ze bréngen?

  2. Wann een Client elo een Devis mat 17% ënnerschreift, an deemno wéi och een deementspriechenden Acompte scho bezuelt huet, kritt en dann déi 3% automatesch esou bal d’Gesetzeslag ugepasst ass?

  3. Wann dës 3% TVA da bis applikabel wieren, kënnen d’Leit, déi 17% TVA bezuelt hunn, réckwierkend vun dësen 3% profitéieren, also d’Geld vum Staat zréck kréien? Wa jo, wéi wäit zréck géing dës réckwierkend goen? Wäert d’Regierung d’Reduktioun vun der TVA op 3% réckwierkend maachen, fir ze verhënneren, dass et zu engem Stau un Demanden an Installatioune vu Photovoltaikanlage kënnt, well d’Leit incentivéiert ginn, fir op ee méi bëllege Präis ze waarden? 

  4. War d’Koalitioun sech bewosst, dass d’Leit duerch d’Ukënnegung vun der TVA-Reduktioun op 3% incentivéiert ginn, mat der Commande vun enger neier Photovoltaikanlag ze waarden?

  5. Ass, zënter der Ukënnegung vun der reduzéierter TVA, d’Zuehl vun de Commanden an Transaktiounen um Marché vun de Photovoltaikanlagen erof gaangen? Wéi huet sech d’Demande an de leschten 2 Wochen entwéckelt?

  6. Sinn d’Ministeren der Meenung, dass doduerch, dass d’Leit elo mat hire Commandë waarden, aktuell ze vill Zäit verluer geet?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6608

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt