Tuberkulosfäll an der Schoul

Tuberkulos ass eng bakteriell Erkrankung, déi an den heefegste Fäll d’Longe betrëfft. Si ass net héisch ustiechend, kann awer fir Risikogruppe geféierlech ginn. Mir ass zougedroe ginn, dass an eise Schoule momentan eng Réi vu Schüler a vum Léierpersonal sech mat dëser Krankheet infizéiert hunn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wei vill Fäll vun Tuberkulos sinn et an deene leschte 6 Méint ënnert de Schüler an dem Leierpersonal ginn?

  2. Wéi solle Schoulen handelen, am Fall wou e Schüler oder eng Persoun vum Schoulpersonal un Tuberkulos erkrankt? • Wiem musse Fäll gemellt ginn?  • Am Respekt vum Dateschutz, wien muss iwwert een Infektiounsrisiko informéiert ginn? • Wat fir sanitär Mesurë soll d’Schoul eventuell huele fir eng weider Verbreedung ze verhënneren?

  3. Bidden d’Ministèren hei Guidelines un, wéi d’Schoul mat Tuberkulos Fäll soll ëmgoen?

  4. Wéi schaffe Schoulen a Ministèren an dëser Hisiicht zesummen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7160

Zesummenhang posts

D’Regierung well méi bauen a méi séier bauen an huet dofir d’lescht Joer am Juni verschidde Moossnahmen ugekënnegt, dorënner den nouveau partenariat public-privé (PPP)
Iwwert 5.000 Persoune schaffe bei den CFL mam Zil, fir Lëtzebuerg um Rullen ze halen. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°949 hat
Op Social Media ass ee Post ze gesinn, op deem eng Awunnerin zu Luerenzweiler op d’Situatioun der Zuchbarrière an der Rue de l’Alzette opmierksam