Tubak – neien PNLT

Opbauend op de vun der Fondation Cancer publizéirerten Zuelen zum Tubakskonsum zu Lëtzebuerg ass festzestellen, dass mir op nationalem Niveau nach wäit fort si vum europäeschem Ziel den Tubakskonsum bis 2040 op 5% ze reduzéieren.
Den Tubakskonsum gëtt an de leschte Joren och ugedriwwe vun neie Produiten déi op de Marché komm sinn, de sougenannten „New Gen Products“, dorënner falen zum Beispill Produite wéi „Puffs“ an och „SNUS“. Iwwert d’Verbreedung vun dëse Produiten op nationalem Niveau ginn et aktuell, obwuel de Ministère d’Gefor erkennt, keng Etuden oder Zuelen.
De Plan national de Lutte contre le Tabagisme (PNLT), deen am Joer 2020 ausgelaf ass, gesäit vill Evaluatioune vir, virun allem sollt zum Schluss eng extern Etude follgend Ziler areechen: „Une évaluation externe finale en 2020, qui permettra de faire le point sur les résultats atteints et non atteints, ainsi que sur les points critiques à intégrer dans le PNLT suivant.“ Dann gesäit den Agenda vum leschte PNLT och eng final Phase vir, wou opbauend op de Konklusiounen e PNLT 2021-2025 soll ausgeschafft ginn.
An der leschter Legislaturperiod sinn dann och 6 Aarbechtsgruppen (de Gesondheetsdësch) agefouert ginn, wou et ënnert anerem och ëm de Sujet vum Tubakskonsum sollt goen. Aktuell ass zur Entwécklung vun dësen Echangen näischt méi gewosst an déi dediéiert Websäit ass aktuell net méi registréiert.
An den Äntwerten op rezent parlamentaresch Froen am Kader vum Tubakskonsum zu Lëtzebuerg sinn et och keng weider präzis Informatioune ginn. Esou ass am Kader vun den Nikotin-Säckelcher gesot ginn, dass d’Regierung gegeebenefalls ee legale Kader ausschafft, ouni e konkreten Zäitplang festzeleeën. De Finanzminister huet am Kader vun enger anerer parlamentarescher Fro vun „Reflexioune“ geschwat betreffend enger méiglecher Präiserhéijung vum Tubak op nationalem Niveau.
Trotz oppene Froen an engem vum Ministère confirméierte Manktem un Zuelen, huet Lëtzebuerg am Kader vun neien Tubaksproduiten d’Initiative ergraff an a senger Amendementspropose zur Direktive (EU)2015/1535 e Verbuet vun „pochettes de nicotine“ gefuerdert.
Villes bleift trotzdeem éischter vage, konkret Äntwerte loossen op sech waarden an europäesch Zilsetzunge schéngen aktuell net realistesch. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn d’Evaluatiounen zum leschte PNLT alleguerten ofgeschloss? Falls jo, wéini ginn d’Konklusioune publizéiert? Falls nee, wéi een Zäitplang ass hei festgeluecht ginn?

  2. Wou sinn d’Aarbechten zum neie PNLT drun? Wéi een Zäitplang ass hei festgeluecht ginn?

  3. Wat wäerten déi grouss Prioritéite vum neie PNLT sinn? 

  4. Wäerten déi nei Generatioun un Tubaksproduiten och Deel vum neie PNLT sinn?

  5. Wäerten d’Gesondheetsdëscher aus der leschter Legislaturperiod an domat den Echange mat villen Acteure vum Terrain weidergefouert ginn? Falls nee, aus wéi enge Grënn ginn dës net weidergefouert? 

  6. Wäert de Budget fir d’Joer 2024 Recetten aus méiglechen Taxen op elektroneschen Zigaretten an Nikotin-Säckelcher enthalen? 

  7. Op Basis vu wéi engen Zuelen, Observatiounen, Echangë mat betraffenen Acteuren a Konklusiounen ass d’Entscheedung getraff ginn den uewen zitéierten Amendement am Kader vun der Direktive (EU)2015/1535 ze proposéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 340

Zesummenhang posts

D’Post bitt zënter 2023 de Service vum online Recommandé un, mat deem ee Bréiwer iwwert den elektronesche Wee kann un een Destinatäre fortschécken. D’Post
A menge parlamentaresche Froe n°3813 an 3927 hat ech op d’Situatioun vun Déierenbesëtzer um Wunnmarché opmierksam gemaach, wou et virkënnt, dass Locatairen verbuede kréien,