TRIS (système d’information relatif aux règles techniques)

Am Kader vun der europäescher Direktiv (EU) 2015/1535 muss all Memberstat technesch Virschrëften am Virfeld notifiéieren. Dëst geschitt iwwert de TRIS (système d’information relatif aux règles techniques). Lëtzebuerg huet an dësem Joer ënner anerem den “Projet de loi modifiant la loi modifiée du 11 août 2006 relative à la lutte antitabac” an de “Projet de règlement grand-ducal relatif aux modalités d’exploitation des pompes à chaleur” notifiéiert.

2023 huet Lëtzebuerg insgesamt 13 Notifikatioune gemaach. Bei verschiddene Projeten, wéi dem Projet de loi iwwert den Tubak, koumen detailléiert Remarke vun anere Memberstaaten, der Europäescher Kommissioun an interesséierte Parteien. D’Transparenz vun dësem Prozess an d’Abannung vun de concernéierten Institutiounen ass wichteg fir eng kohärent Gesetzgeebung. 

  1. Wéi gëtt de TRIS-Notifikatiouns-Prozess zu Lëtzebuerg koordinéiert a wéi eng Ministèren si bedeelegt?
  2. Wéi ginn d’Stellungnamen, déi am Kader vun TRIS-Notifikatiounen erakommen, analyséiert a verschafft? Gëtt et heifir eng standardiséiert Prozedur?
  3. Gëtt et een Ënnerscheed dertëscht, wéi Stellungname vu Länner, den europäeschen Institutiounen a Stakeholder behandelt ginn?
  4. Kritt d’Chamber d’Stellungnamen, déi am Kader vun enger TRIS-Notifikatioun erakommen, automatesch matgedeelt? Falls net, firwat net?
  5. Kritt de Conseil d’État d’Stellungnamen, déi am Kader vun enger TRIS-Notifikatioun erakommen, matgedeelt? Falls jo, a wéi enger Form?
  6. Bei wéi ville Projeten hunn d’Stellungnamen an de leschten 3 Joer zu substantielle Modifikatioune gefouert?
  7. Wéi eng Konsequenze gëtt et, wann d’Regierung decidéiert, d’Remarken aus enger TRIS-Notifikatioun net ze berücksichtegen?
  8. Gëtt et eng ëffentlech zougänglech Plaz, wou d’Bierger d’Stellungnamen nokucke kënnen a gesi kënnen, wéi Lëtzebuerg drop reagéiert huet?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt