Tripartite-Accord 3.0 – d’Rechnung geet net op !

D’Piraten hunn haut op enger Pressekonferenz Kriticken um leschten Tripartitesaccord ervirbruecht a selwer gerecht Léisunge fir haut a muer virgestallt, fir d’Steiergelder besser a méi gerecht un d’Leit am Land ze verdeelen.

D’Rechnung geet net op ! Dat ass den éischte Constat, deen ee bei der Analyse vum drëtten Tripartite-Accord maache muss. D’Rechnung geet net op, well d’Regierung déi real Käschte vun alle Moossnamen net erwäänt, déi wäerte finanzéiert ginn. Op déi 500 Milliounen Euro, déi fir d’Upassung vum Steierbarème geplangt sinn, kommen nämlech 180 Milliounen drop fir d’Iwwerhuele vun de Käschte vun enger Indextranche, déi d’Regierung am zweeten Tripartite-Accord versprach hat.

Hat d’Regierung nach am Dezember d’lescht Joer nach haart geruff, dass ee kee finanzpoliteschen “Harakiri” wéilt maachen, esou deit den Ubléck vun den aktuellen Zuelen éischter op ee luest Ausbludde vun eise Staatskeesen hin. Iwwert zwee Joer gekuckt wëll dës Regierung iwwert annerhallwer Milliarden Euro ausginn. Dat si vill Suen, mat deenen ee vill alternativ Moossnamen hätt kéinte finanzéieren.

Dat bréngt eis zur zweeter Kritik: d’Steiermoossname sinn ongerecht. Op de Kapp gekuckt kënnt een Elengerzéiende méi schlecht ewech, ewéi eng Famill mat 2 Kanner, an dëst, obwuel d’Elengerzéiend deem héchsten Aarmutsrisiko hei am Land ausgesat sinn. Wann ee weess, dass d’Ofschafe vun der Steierklass 1a “nëmmen” ronn 140 Milliounen Euro kaschte géif, dann huet d’Regierung an dësem Moment versot, fir direkt eng strukturell Verbesserung ze maachen. Am Contraire, et gouf méi Wäert dorobber geluecht, fir Steiergelder mat der Géisskan verdeelen.

Drëtte Kritikpunkt: d’Entlaaschtunge kommen ze spéit. Wann ee bis d’Joer 2009 zeréckgeet, dann hunn d’Leit duerch d’kal Progressioun op der Akommessteier ronn 30% ze vill an d’Staatskeese bezuelt a kréien an Zukunft nëmme 6,25% erëm. D’Leit gesinn d‘Suen, déi hei versprach ginn, fréistens eréischt am Februar 2024, wann se hir Steiererklärung fäerdeg hunn. Et handelt sech also net ëm eng Krisen-Hëllef, well d’Hëllef net haut kënnt, mee muer.

D’Piraten wëllen net nëmme kritiséieren a proposéiere konkret Alternativen, wat ee mat 500 Milliounen Euro kéint maachen.

Mir fuerderen als gerecht Léisung fir haut eng Direkthëllef pro Persoun 2023 gestaffelt no Joresakommes souwéi 500€ fir all weidere Familljemember an engem Stot.

Mat eiser Formel géif eng Famill mat engem Kand mat 6.750€ Monatsgehalt 1.880€ méi kréien, wéi mat de Géisskanepolitik vun der Regierung. Ee Jonggesell mat 3.009,92€ géif 755€ méi kréien, wéi ënnert der Regierung hirem Modell.

D’Leit kéinten déi Suen haut notzen a bréichten net bis op d’Steiererklärung ze waarden. Am gläichen Zuch maache mir keng Ënnerscheeder tëschent de Leit, mee tëschent dem Akommes, a behandelen d’Leit gläich, ob een elo Locataire ass, een Immobiliëprêt huet oder Elengerzéienden ass.

Als gerecht Léisung fir muer wäerten d’Piraten sech weider fir d’Steierreform asetzen: d’Steierklasse mussen ofgeschaf ginn an duerch eng Individualbesteierung ersat ginn, déi de wierkleche Liewenssituatioune vun de Leit Rechnung dréit. De Steierbarème muss ugepasst ginn, fir dass de Mindestloun um Pabeier och steierfräi ass an d’Leit eréischt ab deem Moment Akommessteier musse bezuelen. CO2-Steier, déi aktuell nëmmen de Konsum bestrooft, muss duerch ee Klimabonus erweidert ginn, fir d’Leit ze motivéieren, um Klimaschutz deelzehuelen andeems de Verzicht op onnéidege Konsum belount gëtt.

Zesummenhang posts

Ufank Abrëll waren d’Piraten zesumme mat den anere Memberen vum Aktiounscomité géint Atomkraaft beim Wirtschaftsminister Lex Delles. D’Entrevue war u sech beim Premier gefrot
A menge parlamentaresche Froe n°3813 an 3927 hat ech op d’Situatioun vun Déierenbesëtzer um Wunnmarché opmierksam gemaach, wou et virkënnt, dass Locatairen verbuede kréien,
Den 15ten Abrëll 2024 um 19 Auer zu Koplëscht am HQ an online.  Start : 19h00 ; Enn 21h00 Vun der Parteileedung ware präsent: Clement Sven