Tribune libre: Sécherheetsfirmen am ëffentleche Raum

 

Gudde Mëtteg,
Mir Pirate sëtzen eis konsequent géint Iwwerwaachung op de Stroossen, am ëffentleche Raum oder am Internet an. Mir sti fir eng fräi Selbstbestëmmung vum Bierger. Eis Politik mëscht sech kloer dofir staark.
Stellt iech emol fir, mir wären erëm am Wilde Westen, wou jiddereen sech kënnt seng Cowboys bezuelen, fir op der Strooss op ze raumen a sech mat hinnen ze bretzen. Dat laanscht d’Gesetzer, a laanscht Police.
Majo dat klengt wéi een ale Western, ass awer mam DP a CSV Schäfferot an eiser Haaptstad elo esou geschitt. De Schäfferot huet sech via Sécherheetsfirma eng privat Police kaf, ouni awer dofir déi aktuell Gesetzer an ze halen. Sécherheetsfirmen, dierfe laut Gesetz, an dat aus guddem Grond, net am ëffentleche Raum Police spillen.
Dir kennt bestëmmt schonn esou Munch Problemer déi op Concerten oder aneren Events wéinst dem Sécherheetsdéngscht opgetruede sinn. Esou Verhalen am ëffentleche Raum, ass fir eis Piraten net ze toleréieren. Mir hunn hei am Land eng Police op déi mir Houfreg kënne sinn. Dat well et eis Police vereedegt Beamte sinn, déi ee Code de Deontologie hunn, deen och eis Bierger schützt.
D’DP an d’CSV bauen elo ënnert dem Applaus vun der ADR eng privat Police am ëffentleche Raum op. Dofir hunn mir Pirate lëscht Woch dat Thema och an d’Chamber bruet, well et geet wäit iwwert eng Gemeng eraus, wann ee Schäfferot sech eng privat Police a Form vu Sécherheetsfirmen zouleet.
Eng Sécherheetsfirma déi anscheinend am Optrag vum Schäfferot Rapporte schreift, wou dann och kloer de Racial Profiling beluet ass, also dass Leit reng op Basis vun hirem Ausgesinn erfaasst a kontrolléiert ginn. Och d’Aarbecht vun de Policebeamten, gëtt vum Sécherheetspersonal iwwerwaacht an dokumentéiert.
Mir Pirate fuerderen, dass den illegalen Asaz vun dëse private Firmen, direkt gestoppt gëtt, an d’Police gestäerkt gëtt – zum Beispill andeems d’Policebeamten endlech d’Méiglechkeet kréien, ee “Platzverweis” auszeschwätzen.
Donieft musse méi Fixerstuffen iwwert d’ganzt Land verdeelt opgebaut ginn, an den Asaz vu Street worker muss weider ausgebaut ginn.
Mir Pirate setzen eis fir d’Wäerter an d’Fräiheete vun eise Matbierger an, a kënnen net hinhuelen, wann hier Rechter am ëffentleche Raum verletzt ginn.
Dofir wäerte mir eis weiderhin, fir eng Stäerkung vun eiser Police an de Street worker asetzen, an eis géint den Asaz vu private Sécherheetsfirmen am ëffentleche Raum wieren.
 
Fir wieder Punkten an Themen, ronderëm eis Piraten, sicht eis op www.piraten.lu .
 

Zesummenhang posts

Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am
An engem Interview mat RTL huet de Wunnengsbauminister wësse gedoen, dass de Staat wäert 2 Projeten an der Stad an am Süde vum Land
Kaderprogramm Péiteng 2023