Moien, mäin Numm ass Josiane Engel.
Ech sinn 30 Joer al, beruffstäteg, aktiv an der Politik, an:
eng Fra.
Leider gehéieren ech domat ëmmer nach enger Minoritéit un.
Obwuel an de leschte Jorzéngten vill Fortschrëtter bei der Gleichstellung vun de Geschlechter erreescht goufen,
bleift e Groussdeel vun den Aufgaben am Haushalt a bei der Erzéiung vun de Kanner nach ëmmer primär un de Fraen hänken.
Fraen schaffe statistesch gesinn méi Stonnen am Haushalt,
kucke méi Stonnen no de Kanner oder no eelere Familljememberen
an hunn dofir oft manner Zäit fir Sport, Kultur, de Benevolat –
oder eben politesch Aarbescht.
D’Aufgaben am Haus a mat de Kanner bleiwen oft vun Ufank u méi un de Mammen hänken.
A wann d’Famill sech bis un dës Rolleverdeelung gewinnt huet,
ännert sech dorun just nach ganz seelen eppes. – och wann d’Mammen selwer nees schaffe ginn.
Dann ass et net verwonnerlech, wann dono Kandidature vu Frae feelen, wann et ëm politesch Ämter oder Féierungspositioune geet.
Dat ass e grousse Problem.
An zwar net nëmme fir déi betraffe Fraen, mee fir eis Gesellschaft insgesamt, well eis entginn doduerch Fraen mat vill Potenzial.
Sierf et fir d’Wirtschaft, fir de Bénévolat oder fir d’Politik.
Dat fannen ech weder gerecht nach sënnvoll !
Fir dee Problem hunn d’Piraten eng Léisung:
Mir proposéieren, fir de Congé, deen ee Partner oder eng Partnerin bei der Gebuert kritt, vun aktuell 2 Wochen op 3 Méint z’erhéijen.
Esou kënnen de Partner oder d’Partnerin vun Ufank un der Mamm zur Säit stoen.
Fir eng gerecht Aarbechtsdeelung brauche Famillen Zäit zesummen.
Ee Gebuertscongé géif den Eltere genee dës Zäit ginn.
Méi Zäit bréngt béiden Elterendeeler méi Onofhängegkeet, méi Fräiheet an deemno och eng besser Liewensqualitéit.
Eng weider Moossnam, déi an déi selwecht Richtung geet, ass de bore Chèque service d’accueil, deen den Elteren de Choix gëtt, fir méi Zäit mat hire Kanner ze verbréngen.
D’Iddi ass ganz einfach:
Aplaz, dass de Staat de Crèchen d’Suen iwwerweist,
sollen d’Elteren, déi sech doheem ëm hir Kanner wëlle këmmeren,
eng Entschiedegung kréien.
Och dat bréngt den Elteren an de Kanner méi Choix a méi Liewensqualitéit.
D’Piraten sti fir eng Familljepolitik vum fräie Choix.
Jidderee soll seng Zäit kënnen andeelen, wéi en et fir richteg hält.
Kanner ze hunn dierf kee Nodeel an eiser Gesellschaft sinn.
Wann dir dës Iddie gutt fannt, a méi iwwert eis Léisunge fir eng gerecht Familljepolitik an d’Gläichstellung vun de Geschlechter wësse wëllt, da surft laanscht op:
www.piraten.lu