Tribune Libre: Aktuell Erausfuerderungen am Santés- a Fleegesecteur

Aktuell Erausfuerderungen am Santés-a Fleegesecteur

Tribune Libre mam Daniel Frères:

Kenns du dat Gefill, no engem laangen Aarbechtsdag komplett um Enn Heem ze kommen?
Du bass einfach fäerdeg, a wënschs dir just, dass déi nächst Vakanz esou séier wéi méiglech virun der Dier steet?

Fir vill Leit aus dem Gesondheets a Fleegesecteur ass dat net erréicht säit der Covid-Pandemie vertrauten Alldag.

Duerch d’Kris huet sech d’Situatioun awer nach weider zougespëtzt an déi laang erseenten Auszäit, ass fir vill Fleeger, Infirmieren, Dokteren, Botzfraen an administrativ Mataarbechter, déi d‘Spideeler a Fleegestrukturen an dësen Zäiten um dréinen halen, bis op Weideres net a Siicht.

Mir stinn dëser neier Infektiounswell géigeniwwer,
d’60-Stonnen-Woch ass nees eng Optioun,
an d’Mënschen aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur gi weiderhin all Dag hiert Bescht fir eis alleguerten, obwuel si schonn esou midd sinn.

Dofir wëlle mir hinne Merci soen. Mee dat eleng geet net duer.

Vun engem Merci eleng kritt keen e faire Loun,
keen eng Kannerbetreiung, déi et engem wierklech erméiglecht de Beruff an d’Famill ënnert en Hutt ze kréien, an och 
keen en Aarbechtsklima, an deem et nees ëm d’Mënschlechkeet an net ëm déi wirtschaftlech Effizienz oder eng Leeschtung um Pabeier geet.

D’Revendicatioune vum Secteur sinn net nei. Mee d’Politik huet bis elo net gelauschtert.

Dat muss sech änneren.
Wien all Dag alles fir déi aner gëtt, muss och eppes zeréck kréien.

Dofir setzen d’Piraten sech fir eng Reform vum Gesondheetssecteur an eng Revalorisatioun vun de betraffene Karriären an.

Et ass wichteg, déi existéierend Karriären opzewäerten an doriwwer eraus Formatioune fir de Beruff vum Infirmier um Niveau vum Bachelor a vum Master unzebidden, esou wéi et dat am Ausland scho laang gëtt. Mee eng Upassung vun de Karriären eleng geet net duer.

D’Mënschen aus dem Gesondheets a Fleegesecteur hunn hire Beruff gewielt, fir anere Leit hëllefen ze kennen – an net fir mat engem schlechte Gewësse gehetzt vun Zëmmer zu Zëmmer lafen ze mussen, mam Gefill net genuch gemaach ze hunn, well d’Zäit einfach ni duergeet an de Personalschlëssel einfach ze kleng ass.

Dofir setze mir Piraten eis fir eng Ännerung vum System an, déi d’Aarbechter an hier Patienten nees an de Mëttelpunkt setzt.

Wann s du wësse wëlls, fir wéi eng Sujeten d’Piraten sech nach staark maachen oder dech selwer bei de Pirate fir en Thema engagéiere wëlls, da surf laanscht op www.piraten.lu.

Zesummenhang posts

Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen
 Ee WORT-Artikel vum 23ten Dezember 2024 hat informéiert, dass op der Schnellstreck vum Tram tëschent der Stad an dem Belval elo dach ee weideren