Transparenz bei de Logementshëllefen

Context:

Etat de la nation 2024

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Datt eng Réi Mesuren nom Logementsdësch der Chamber proposéiert gi sinn. Dës goufe schonn am Gesetzesprojet 8353 festgehalen a gestëmmt;
  • Datt den Aarbechtsgrupp fir administrativ Vereinfachung seng Aarbechten ofgeschloss huet an elo weider Mesurë sollen ëmgesat ginn;
  • Datt verschidde Mesuren dem Staat entweder manner Geld abrénge wäerten, duerch Decisioune wéi d’Erëmaféieren vum Amortissement accéléré. An datt aner Mesuren de Staat kascht wäerten, esou zum Beispill de Pilotprojet, wou ëffentlech Promoteure kënne Wunnengen, déi de Privatsecteur op sengem eegenen Terrain baut, fir 20 Joer lounen amplaz se ze kafen.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. Fir no 1 Joer an no 3 Joer eng Evaluatioun ze maachen, déi soll feststellen, wéi engen Akteuren (Firmen, Primoaquéreuren, Multipropriétairen, Privatstéit) dës Mesuren ze gutt komm sinn an a wat fir engem Moss. Dës Evaluatioun soll och d’Montanten analyséieren, déi eenzelnen Firmen ze gutt komm sinn an si sollen ëffentlech zougänglech gemaach ginn. 
     
    Eis Motioun ass vun DP an CSV ofgeleent ginn

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt