Transparence non souhaitée

D’Pirate fuerderen een Ëmdenken säitens der Majoritéit am Ëmgank mat der Oppositioun a fuerderen eng ëffentlech Stellungnam vum Premier- a Kommunikatiounsminister Xavier Bëttel.

D’Piratepartei ass erféiert iwwert den Ëmgank vun der Majoritéit mat der Oppositioun an der Chamber. D’Piratepartei huet sech an der Affär « Geheime Casier », déi dësen breeden Debat iwwer Dateschutz an Transparenz iwwerhaapt ausgeléist huet, vun Ufank un fir eng transparent Opklärung säitens der Regierung ausgeschwat.

D’Piraten hunn sech haut ee sachlechen Debat iwwer Dateschutz an Transparenz an der Chambre gewënscht, deen di aktuell Froën ëm d’Dignitéit vun de Biergerinnen a Bierger an hirem Recht op e Schutz vun der Privatsphär an de Mëttelpunkt stellt. Datt d’Majoritéit am Parlament genee dësst refuséiert, ass fir eis inakzeptabel. Di aktuell Entwécklung an der Plenière weist, wéi wäit mir zu Lëtzebuerg nach vun enger konstruktiver Diskussiounskultur an enger transparenter Kommunikatioun ewech sinn.

Doriwwer eraus rappelléieren d‘Piraten an deem Kontext och, datt de Xavier Bëttel a senger Funktioun als Kommunikatiounsminister den Dateschutz an d’Dateschutzpolitik a sengen Attributiounen huet. De Premier- a Kommunikatiounsminister Xavier Bëttel ass heimat opgeruff, senger Verantwortung nozekommen, der Chamber, mee och de Biergerinnen a Bierger Ried an Äntwert ze stoen.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene