Verkéiersmeldungen erhalen déi meescht Leit am Auto ëmmer nach iwwert de Radio. Wien en neien Auto huet, kritt awer och vun Zäit zu Zäit Meldunge vum Auto selwer, dee mat engem Piepstoun an enger Textannonce viru kommende Baustellen oder Accidenter warnt, wann dës a senger Datebank verzeechent goufen. De Virdeel vun dësem neie System ass, dass d’Warnungen net allgemeng sinn, mee konkret op eng Gefor hiweisen, op déi een am gaangen ass zouzefueren. Wéi gutt d’Qualitéit vun de Meldungen, déi ee kritt, ass, hänkt dobäi natierlech vun den Daten of, mat deenen den Auto schaffe kann. Wat méi Verkéiersmeldungen disponibel sinn, wat d’Warnunge méi prezis an aktuell sinn. An aneren EU-Länner ginn d’Autobunnen dofir elo mat Systemer ausgestatt, mat deenen d’Autoen sech beim Laanschtfuere connectéiere kënnen, fir déi aktuellste Verkéiersinformatiounen ze erhalen, déi vun der Verkéierszentral à jour gehale ginn. Laangfristeg sollen d’Autoen zousätzlech dozou am Fall vun engem Accident souguer selbststänneg eng Warnung eraus ginn, déi vum System erfaasst an dann un déi aner Persounen am Verkéier iwwermëttelt ka ginn. Accidenter kéinten esou ouni gréisser Verzögerung gemellt ginn an de Risiko fir zousätzlech Onfäll duerch Autoen, déi an déi accidentéiert Gefierer era fueren, géif staark reduzéiert ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Ginn et Pläng fir och zu Lëtzebuerg am Stroossennetz Punkten ze erriichten, wou Autoe beim Laanschtfueren aktuell Verkéiersmeldunge kréien?
-
Falls jo:
Wéi wäit sinn d’Aarbechten?
Mat wéi engem System wäert geschafft ginn/gëtt scho geschafft?
Wéi gëtt garantéiert, dass d’Autoen Daten iwwermëttelt kréien, mee keng Date vun den Autoen, déi sech connectéieren, gespäichert ginn? -
Falls nee:
Wäert d’Regierung sech an Zukunft mam Sujet befaassen, fir e Plang auszeschaffen oder besteet fir dësen Infrastrukturausbau keen Interessi?