Tram op Esch ass sozialen Ofbau bei der CFL

Déi liberal Regierung wëll mat enger Propose vun nach enger Tramsstreck bis op Esch, weider Loundumping am Transportberäich bedreiwen. Piratepartei wäert bei sou engem sozialen Ofbau deen a Konkurrenz zur CFL soll passéieren, ni matmaachen a proposéiert en Express Zuch vu Belval via Esch op Gare an der Stad, dat ouni mussen eng nei Stréck ze baue fir en Tram oder Personal ënnert fragwürdege soziale Konditiounen astellen ze mussen.
Allgemeng steet Piratepartei hannert der CFL a fuerdert dofir och, dass des soll de Luxtram bedreiwen, mat de selwechte Rechter a Flichte fir Personal, wei elo och bei der CFL am Kollektivvertrag ausgehandelt.
Den Expresszuch vun Esch a Stad ka méi schnell a méi gënschteg ëmgesat ginn, ouni sozialen Dumping ze bedreiwen. Piratepartei steet fir den Erhalt vun der CFL Struktur a Verträg.
“D’Pirate stinn Innovatiounen am Transport net am Wee, insistéieren awer, datt dës net op d’Käschte vun den Employéeë ginn. Ob Monorail, Express-Tram oder Hyperloop, dat wichtegt ass net wéi eng Technologie agesat gëtt, mee datt kee verstoppte Sozialdumping bedriwwe gëtt.” sou de Marc Goergen, Generalsekretär a Spëtzekandidat am Süden.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene