Tram-Arrêt fir de GridX zu Wickreng

Ee WORT-Artikel vum 23ten Dezember informéiert, dass op der Schnellstreck vum Tram tëschent der Stad an dem Belval elo dach ee weideren Arrêt kéint kommen.
“In Wickringen könnte doch eine Haltestelle für die schnelle Tram entstehen. Das bestätigt das Mobilitätsministerium auf Nachfrage des „Luxemburger Wort“. […] Die Haltestelle würde in direkter Nähe zum GridX entstehen. Das Großprojekt der Giorgetti-Gruppe […]”

Ënnert der virëger Regierung war dësen Arrêt net a Fro komm, wéi Virgule.lu an engem Artikel vum 14te November beriicht hat:
“L’idée d’une station de tram à Pontpierre ne faisait pas partie du projet initial: cette option avait notamment été écartée par l’ancien ministre de la Mobilité, François Bausch (déi Gréng), quand il était en fonction. Mais un revirement de situation semble avoir été opéré ces derniers mois en raison «d’un gros potentiel» et «d’une forte demande à venir», précise le ministère, qui met en avant les nombreux emplois liés à GRIDX ou encore l’organisation d’événements dans le futur complexe.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéini huet d’Mobilitéitsministesch ugefaangen, d’Optioun vum Arrêt zu Wickréng a Betruecht ze zéihen?

  2. Wéi eng Kontakter an Echangen goufen et virun dëser Decisioun mat Vertrieder oder Employéeën vum Grupp-Giorgetti?

  3. Wéi eng Firma baut déi nei Autobunnsopfaart zu Steebrécken?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1714

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene