Stau a Kaméidi op der Péitenger Collectrice

A menger parlamentarescher Fro n°3847 hat ech dem Minister verschidde Léisungsvirschléi fir d’Trafficsituatioun op der Péitenger Collectrice proposéiert. Zur Iddi vun enger Ënnerféierung ënnert dem Rond-Point beim LMA hat de Minister gesot, dass an enger spéiderer Phase eng Ënnerféierung beim Rond-Point virgesi wier an dass zu deem Zäitpunkt Traficsimulatioune missten duerchgefouert ginn, fir dat Ganzt richteg kënnen ofzeschätzen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gëtt envisagéiert de Projet vun der Ënnerféierung beim Rond-point an deenen nächste 5 Jore unzegoen?  Falls jo, wéi laang géif de Bau vun enger Ënnerféierung schätzungsweis op dëser Plaz daueren?

  2. Wéi steet de Minister zur Aféierung vun engem Turbo-Rond-point op dëser Plaz, esou wéi en op der Collectrice no der Sortie Suessem-Déifferdeng gebaut gouf?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6256

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt