Tracing App

Heimat géif ech gären op d’Motioun zu der Tracing-Applikatioun vum 7. Mee 2020 zréckkommen, an däer festgehale ginn ass, datt «an dësem Kontext eng base légale geschaaf gëtt, déi genau definéiert ënnert wéi enge Konditiounen esou eng fräiwëlleg Tracing-Applikatioun zu Lëtzebuerg kéint entwéckelt a genotzt ginn». Dës Applikatioun ass vun haut un disponibel – eng spezifesch base légale existéiert bis dato awer nach net. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Madamm Ministesch, wou sinn d’Aarbechten un dëser Base légale drun, wëssend, datt beispillsweis d’Tracing App vum Robert-Koch-Institut vun haut un och zu Lëtzebuerg disponibel ass ?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2444

De Minister fir Medien huet an der Chamberssëtzung vum 30te Juni 2020 mëndlech op eis Fro geäntwert.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt