Top Beamten an de Ministèren

Säit der Regierung Juncker/Asselborn II huet di maximal Zuel vu Spëtzebeamten (Administrateurs généraux, 1er conseillers de gouvernement, conseillers de gouvernement première classe, conseillers de gouvernement, conseillers de gouvernement adjoints) sech vun 79 op 126 erweidert. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kënnen d’Ministeschen an d’Ministeren d’Ventilatioun vun der Unzuel vun de Beamten aus de 5 Kategorië pro Ministère mat de respektiven Nimm (déi duerch de Memorial B jo schonn ëffentlech sinn), der Funktioun an der date d’entrée en fonction oplëschten?

  2. Wéi ass d’Entwécklung vun der Zuel vun de Beamte pro Kategorie, Ministère a Joer (Stand 1.11) säit dem Regierungswiessel 2013?

  3. Wéi vill vun de Beamten aus dëse 5 Kategorien, déi scho virun der Regierung Bettel I dës Funktioun haten, sinn haut nach en fonction?

  4. Wéi vill Beamten aus dëse 5 Kategorien si säit dem Regierungswiessel 2013 an d’Pensioun gaangen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7083

Wëll eis Fro net richteg beäntwert gouf, hu mir eng Nofro un all Minister/Ministesch eenzel gestallt. Dës Froen goufen alleguer ofgeleent.

Dofir hu mir dunn nach 2 weider Nofroen gestallt:

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen