Tiers payant social

Persoune mat geréngem Akommes kënnen ënnert bestëmmte Konditioune vum Tiers payant social profitéieren. An deem Fall ginn hier Rechnunge beim Dokter an Zänndokter direkt vun der CNS iwwerholl an d’Sue mussen net virgestreckt ginn. Déi Betraffe kréien dofir speziell Etiketten, déi si beim Dokter kënnen ofginn an déi op hier Rechnunge gepecht ginn. Esou etiquetéiert Rechnunge kënnen dann vun den Dokteren un d’CNS geschéckt ginn, wou d’Rechnungen da beglach ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persounen hunn iwwert dëse Wee an de leschte 5 Joer vum Tiers payant social gebrauch gemaach?

  2. Sinn d’Dokteren obligéiert d’Etikette vum Tiers payant social unzehuelen oder kënne si eng Behandlung refuséieren, wann de Patient seet, hie wéilt vum Tiers payant social gebrauch maachen? 

  3. Wéi laang huet et an der Moyenne pro Mount an de leschten zwee Joer gedauert, bis d’Dokteren hir Rechnunge rembourséiert kruten?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7746

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen