Therapieplaze fir Patienten déi medezinesche Cannabis huelen

Am Land ginn et iwwer 800 Patienten déi mat medezineschem Cannabis traitéiert ginn. Dës Patienten hunn oft schwéier respektiv onheelbar Krankheeten. Am Fall wou de Patient ënnert chronescher Péng léit kann et sinn, dass dëse Patient nieft sengem Cannabistraitement och wéilt an Therapië goen. Laut mengen Informatioune kann een hei wéinst dem Cannabiskonsum awer als Patient refuséiert ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ginn et Therpaiezentren hei zu Lëtzebuerg, déi Cannabispatiente refuséieren?
    • Wa jo, wat sinn déi jeeweileg Grënn dofir?
    • Falls d’Madamm Ministesch heizou keng Donnéeën huet, wäert si sech heiriwwer informéieren?

  2. Gëtt hei een Ënnerscheed gemaach tëscht Patienten, déi de Cannabisueleg kréien an deenen, déi mat Bléien traitéiert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7882

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt