Tëschebilan PAN LGBTIQ

De Plan d’action national pour la promotion des droits des personnes LGBTIQ vun 2018 hält fest, dass eng reegelméisseg Evaluatioun vun der Ëmsetzung vum Plang soll gemaach ginn. Déi éischt extern Tëschenevaluation vum nationalen Aktiounsplang gouf vun der Uni.lu ausgefouert an am Februar 2024 publizéiert. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro N° 100 vum 13. Dezember 2023 vun de Pirate sot d’Ministesch:”Op Basis vun der Tëschenevaluatioun wäerte mir kucken, wéi mir den Aktiounsplang an eis gemeinsam Politik kënnen upassen, fir an de nächste Jore weider Fortschrëtt an alle Beräicher ze maachen.”
    Wéi eng Conclusiounen huet d’Regierung aus dem Tëschebilan vun der Uni.lu gezunn a wéi eng Upassungen si geplangt?

  2. Aus der Tëschenevaluatioun geet ervir, dass entscheed gouf, dass 10 Mesuren aus dem PAN LGBTIQ net méi ëmgesat wäerte ginn: “Nicht mehr geplant sind Umsetzungen der folgenden zehn Maßnahmen: K2M1, K2M5, K3M2, K3M9, K7M4, K7M7, K8M3, K8M4, K8M9, K8M10”.
    • Ass et richteg, dass d’Mesure “Explorer des modèles alternatifs de soins médicaux pour les personnes transgenres, fondés sur un consentement libre et éclairé” (K7M4) net méi ëmgesat soll ginn?
    Firwat gëtt dës Mesure net méi ëmgesat?
    • Ass et richteg, dass d’Mesure “Réviser les classifcations nationales afin de garantir que les personnes transgenres ne soient pas considées comme des malades mentaux” (K7M7) net méi ëmgesat soll ginn?
    Firwat gëtt dës Mesure net méi ëmgesat?
    • Ass et richteg, dass d’Mesure “Instaurer un monitoring des interventions médicales à l’égard des personnes intersexes mineures, y inclus les traitements à l’étranger” (K8M3) net méi ëmgesat soll ginn?
    Firwat gëtt dës Mesure net méi ëmgesat?
    • Ass et richteg, dass d’Mesure “Réviser les classifcations nationales qui confèrent un caractère pathologique aux variations des caractéristiques sexées” (K8M10) net méi soll ëmgesat ginn?
    Firwat gëtt dës Mesure net méi ëmgesat?
    • Firwat gouf och entscheet, d’Mesuren K2M1, K2M5, K3M2, K3M9, K8M4 a K8M9 net méi ëmzesetzen?

  3. Am Tëschebilan steet: “Die Entwicklung des Instruments und seiner Items fand in enger Zusammenarbeit mit dem Ministerium für Familie, Integration und die Großregion statt. Hierzu kam es zwischen Juli und September 2022 zu mehreren Treffen und einem intensivem E-Mailaustausch, in denen Inhalt, Formulierung und Aufbau der Fragen gemeinsam mit der Arbeitsgruppe der Universität Luxemburg besprochen wurden.”

    Ass d’Ministesch der Meenung, dass et der Ufuerderung vun engem externe Bilan gerecht gëtt, wann déi Ministèren, deenen hier Aarbecht soll evaluéiert ginn, um Ausschaffe vum Instrumentarium vum Bilan bedeelegt sinn?

  4. Als Indicateur fir ze evaluéieren, ob a wéi eng Mesure ëmgesat ginn ass, gouf déi eegen Aschätzung vun den zoustännege Ministèren am Tëschebilan genotzt.
    Ass d’Ministesch der Meenung, dass dës Method eng objektiv Bewäertung vun der Aarbecht vun de Ministèren erlaabt? 

  5. An der Tëschenevaluatioun ginn eng Réi Moossnamen an tabellarescher Iwwersiicht duergestallt. Opfälleg ass heibäi, dass just déi Mesuren, déi ganz oder zum Deel ëmgesat goufen an den Tabellen optrieden, wärend Moossnamen, déi nach net ëmgesat goufe just am Fließtext ernimmt ginn.
    Ass d’Ministesch der Meenung, dass dës Aart a Wéis vun der Duerstellung vun de Resultater et de Lieser:innen erlaabt, Informatiounen iwwer ëmgesaten an nach net ëmgesate Mesure gläichermoosse gutt ze fannen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 860

Zesummenhang posts

D’Naturschutzgesetz soll d’Natur an d’Ëmwelt schützen an dozou bäidroen, fir eise Planéit an engem gesonden Zoustand ze hannerloossen, deen d’Iwwerliewe vu Mënsch an Déier
D’Situatioun an den USA weist elo schonns alarméierend Entwécklungen am Beräich vun der Wëssenschaft. Wéi aus dem Artikel “Wie Trump den Wissenschaftsstandort USA in