Temporär Zougangsspär beim RBE

Rezent sollen e puer Journalisten temporär hiren Zougang fir den RBE (Registre des Bénéficiaires Effectifs) gespaart kritt hunn, nodeems si eng Rei Ufroe gemaach haten. Den Zougang gouf eréischt no e puer Stonnen nees fräiginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass et richteg, dass Persounen um RBE kënne gespaart ginn, wa si vill Ufroe maachen, an dass dat och an der Vergaangenheet scho gemaach ginn ass?

  2. Falls jo: 

    Handelt et sech heibäi em eng automatiséiert oder manuell Spärung?

    Ab wéi vill Ufroen a wéi engem Zäitraum kënnt et zu enger Spärung?

    Wisou kënnen och Persoune gespaart ginn, déi iwwert hiren Token perséinlech ageloggt sinn an esou eendeiteg identifizéiert kënne ginn? Wat ass d’Zil vun dësem Spärungs-System? 

  3. Falls nee:

    Wat huet déi temporär Spärungen ausgeléist?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7618

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt