D’ukrainesch Flüchtlinge, déi zënter Februar 2022 a Lëtzebuerg ukomm sinn, profitéiere vun enger “protection temporaire” no der EU-Direktiv 2001/55/CE. Dës temporär Protektioun erlaabt hinnen ze bleiwen a ze schaffen, ouni datt si een Asylverfaren mussen duerchgoen. Wéi et awer aus der Praxis vun der Direktioun vun der Immigratioun ervir geet, entsti praktesch Schwieregkeeten, wa Leit ënner temporärer Protektioun en “titre de séjour pour raisons familiales” wëlle kréien.
No der aktueller Praxis muss een d’temporär Protektioun formell opginn, fir eng Openthaltsgeneemegung als Familljemember ze kréien – mat dem Risiko, dass een op eemol ouni legale Status do steet, wann d’Demande refuséiert gëtt. Dës Situatioun bréngt net nëmme Rechtsonsécherheet mat sech, mee verhënnert och d’Integratioun vun de Leit, déi sech hei wëllen etabléieren a vollwäerteg zu eiser Gesellschaft bäidroen. Dëst schéngt kontraproduktiv ze sinn, well d’Persoune bereet sinn ze schaffen an hir Zukunft hei ze bauen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Firwat muss een d’temporär Protektioun opginn, fir eng Openthaltsgeneemegung als Familljemember ze kréien, obwuel béid Regimmer legal gëlteg sinn a komplementar Ziler verfollegen?
-
Kéint d’Prozedur vereinfacht ginn, sou dass Leit ënner temporärer Protektioun ouni Ënnerbriechung vun hirem legale Status en “titre de séjour pour raisons familiales” kréien, fir hir Rechtssécherheet ze garantéieren?
-
Wéi plangt d’Regierung déi zwee Regimmer méi kompatibel ze maachen, sou dass d’betraffe Persounen net tëschent Rechtsonsécherheet a Famill mussen entscheeden?
-
Gi Mesuren a Betruecht gezunn, fir d’administrativ Prozeduren ze vereinfachen a méi Flexibilitéit z’erlaben, besonnesch fir déi Persounen, déi hir Integratioun a Lëtzebuerg demonstréiert hunn?
-
Wéi vill Leit ënner temporärer Protektioun hunn zënter 2022 eng Openthaltsgeneemegung als Familljemember ugefrot, a wéi vill vun dëse Demandë goufen approuvéiert?
-
Kéint eng Iwwergangsléisung agefouert ginn, déi et erlaabt béid Statute parallel ze hu bis eng definitiv Entscheedung geholl gëtt?
-
Wéi evaluéiert d’Regierung d’Auswierkunge vun dëser aktueller Praxis op d’Integratioun an d’Wuelbefanne vun de betraffe Familljen?
QP Nummer 2443