Télétravail an der Fonction publique

Net méi spéit wéi dëse Weekend huet de Premierminister eng Pressekonferenz gehalen, fir d’Bevëlkerung iwwert déi neisten Infektiounszuelen zu Lëtzebuerg z’informéieren. A senger Ried huet de Premierminister wäert drop geluecht ze soen, datt d’Propagatioun vum Virus ze stoppen ass – ob doheem oder op der Aarbecht.
Dofir sollt, dem Premierminister no, esou vill wéi méiglech op den Télétravail gesat ginn an dat och an der Fonction publique.

Verschidde Staatsbeamten, déi der Empfeelung vum Premierminister nokomme wollten, hunn eis dës Woch zougedroen, datt si den Teletravail an hire Verwaltungen ugefrot hunn, dësen awer direkt vun hirer Direktioun verweigert kruten. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Setzt d’Regierung drop, dass den Teletravail an der Fonction publique applizéiert gëtt? 

  2.  Kruten d’Direktiounen an d’Verwaltungscheffen an alle Ministèrë rezent eng entspriechend Kommunikatioun, fir dofir ze suergen, datt den Télétravail, do wou méiglech, och soll benotzt ginn?  

  3.  Bei wiem kënnen d’Beamten sech beschwéieren, am Fall wou e Virgesetzten den Télétravail refuséiert? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3014

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen