Telefonsbornen op den Autobunnen

Op den Autobunne fënnt een nach ëmmer Telefonsbornen, déi am Noutfall benotzt kënne ginn, wann een zum Beispill eng Pann op der Autobunn hat. Fréier, wou et nach kee Mobilfunknetz gouf an déi meeschte Leit keen Handy haten, waren dës Bornë sécherlech méi am Asaz, ewéi haut am digitalen Zäitalter.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn d’Telefonsbornen op den Autobunnen nach alleguerten aktiv?

  2. Wat kascht den Entretien dovunner?

  3. Wéi vill Mol si dës Telefonen an deene leschte 5 Jore benotzt ginn? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 24

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt