Technesch Problemer um Findel

Wéi aus den Dokumenter vun der “AIP Belgium and Luxembourg” ze liesen ass, gouf den Instrument-Landing-System (ILS) um Findel fir Fligeren, déi vu Weste hier landen, vun der Kategorie 3 op d’Kategorie 1 erofgestuuft. Duerch Recherche hu mir erausfonnt, dass d’Direction de l’aviation civile (DAC) den ILS degradéiert huet. Doriwwer eraus ass eis bekannt, dass de lëtzebuergesche Fligerradar aktuell technesch Problemer huet. De Radar, funktionéiert eigentlech zesummen an engem Netzwierk mat dräi anere Radaren aus eisen Nopeschlänner. Wéinst enger Maintenance um Radar zu St. Hubert an der Belsch, misst eise Radar u sech ofgekapselt vum Netzwierk funktionéieren. Et gouf allerdéngs festgestallt, dass de lëtzebuergesche Radar verschidde Fligere guer net uweist. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Aus wéi enge Grënn gouf den ILS vun der DAC an d’Kategorie 1 erofgestuuft? Zënter wéini ass dat de Fall a wéi laang wäert dës Degradéierung undaueren?

  2. Kann de Minister bestätegen, dass och de Radar technesch Problemer opgewisen huet? Falls jo, wéi eng Problemer waren dat, wéi laang hunn se gedauert a sinn se an der Tëschenzäit behuewe ginn?

  3. Ginn et aktuell sos nach technesch Problemer, déi een Impakt op d’Sécherheet vum Fluchverkéier kéinten hunn? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4439

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen