De Staat ass Aktionnär vu verschiddene Privatfirmen an dierf deemno hei am Verwaltungsrot sëtzen. D’Regierungsmemberen ginn net selwer an déi Verwaltungsréit, mee schécken d’Staatsbeamten aus hire Ministèren dohinner, fir d’Decisiounen am Interessi vum Staat ze huelen.
Dat ofgeännert Gesetz vum 25te Juli 1990 concernant le statut des administrateurs représentant l’État ou une personne morale de droit public dans une société anonyme gesäit vir, dass d’Suen, déi dës Beamte kréien (=Émoluments) un de Staat musse ausbezuelt ginn, éiert de Regierungsrot vu Fall zu Fall entscheed, wéi vill vun dëse Suen un de Beamten ausbezuelt ginn (=Indemnité).
De Gesetzestext gesäit Folgendes vir:
“Les émoluments leur revenant sous quelque forme que ce soit, sont touchés par l’Etat ou la personne morale de droit public qui les a fait désigner; il appartient au gouvernement en conseil ou à l’organe dirigeant de la personne morale de droit public d’arrêter les indemnités à allouer à ces administrateurs, ou membres du directoire ou du conseil de surveillance, selon le cas, pour l’accomplissement de leur mission.”
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Versteet d’Regierung d’Prozedur, esou wéi se am Gesetzestext beschriwwen ass, och an där Reiefolleg, dass
1. d’Emolumenter vun der Firma integral un de Staat iwwerwise ginn;
2. doropshin de Regierungsrot decidéiert, wéi vill Indemnitéiten d’Beamten zegutt hunn;
3. de Staat d’Indemnitéit op de Konto vum Staatsbeamten iwwerweist?Falls jo, gëtt dës Prozedur och esou applizéiert?
Falls dat net de Fall ass, kann d’Regierung beschreiwen, wéi dës Prozedur vum Gesetz bis elo gehandhaabt gouf? -
Ënnert wéi enge Budgetsposten am Staatsbudget si souwuel d’Emolumenter ewéi och d’Indemnitéite vun de Beamten aus de Verwaltungsréit ënnerbruecht?
-
An de leschten Äntwerte gouf verwisen op een Annuaire, deen 2017 zesummegestallt gi war mat alle wichtegen Informatiounen iwwert déi staatlech Participatiounen, wou all Gesellschaft mat senge Vertrieder an de Verwaltungsréit och extra ernimmt waren. Existéiert 2023 een aktualiséierten Exemplaire vun dësem Annuaire a falls jo, wou ass dëse verëffentlecht?
QP Nummer 139