Taxe déi een bei Bestellungen muss nozebezuelen

Säit dem 1 Juli 2021 ass duerch d’VAT E-Commerce Direktiv vun der EU, d’Exemptioun vun der TVA fir Akeef ënnert 22€ aus Net-EU-Länner ewech gefall. Doduerch kréie Leit, déi elo Saachen aus Drëttlänner bestellen, ëfters eng Rechnung vun der Douane an der si gefrot ginn, Stéieren nozebezuelen. Dës kann een nëmme via Payconiq oder mat Boergeld bezuelen. Bezuelunge mat Kaart sinn net méiglech. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat ass d’Bezuelung per Kreditkaart net méiglech?

  2. Firwat ass d’Bezuelung via aner online Bezuelsystemer net méiglech? Firwat gëtt hei nëmme mat enger Firma zesumme geschafft?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5300

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt