Tankstell op der Aire de Capellen

Konzessiounsverträg mat Tankstellebedreiweren op ausgewielten Autobunnstankstellen no un der Grenz suergen all Joer fir staatlech Recetten iwwer 60 Milliounen Euro. Konkret gëtt an dëse Kontrakter festgehalen, dass e gewësse Prozentsaz vum Chiffre d’affaires un den Zentralstaat muss iwwerwise ginn als Contrepartie fir d’Recht dës strategesch gutt positionéierten Tankstellen ze bedreiwen.    Dës Kontrakter ginn och no engem predefinéierten Zäitraum ëmmer erëm nei ausgeschriwwen, esou dass all d’Acteuren am Secteur d’Chance dann hunn hei mat enger kompetitiver Offer de Kontrakt ze kréien. De Prozentsaz, deen un den Zentralstaat iwwerwise gëtt, ass hei e Facteur deen Deel vun der Offer ass, also e Facteur deen negociéiert gëtt.    Eisen Informatiounen no, ass bei der rezenter Attributioun vun der Tankstell op der Aire de Capellen eng Offer ugeholl ginn, déi e méi wéi duebelt esou héische Prozentsaz virschléit. Op den éischte Bléck bedeit dat méi Recette fir den Zentralstaat. Opbauend op eisen Informatiounen, fuerdert de selwechte Bedreiwer awer elo och vun der Industrie, z.B. der Tubaksindustrie, en erhéichte Bäitrag fir dass hir Produiten an de Rayone verkaf ginn. Verschidde Gruppen aus den jeeweilegen Industrien sinn eisen Informatiounen no ofgesprongen, esou dass dës Produiten dann net méi am Rayon verkaf ginn. Esou erginn sech potenziell manner Recettë fir de Bedreiwer an domat och fir den Zentralstaat. Zousätzlech ergëtt et dëst am Rayon och eng Offer, déi net méi den Undeeler um Marché (Parts de marché) an der Demande entsprécht, wat eng vun de Konditiounen ass déi esou e Bedreiwer sollt erfëllen. Wann ee bedenkt dass och weider Kontrakter elo ausgeschriwwe ginn Ufank des Joers, kann dës Problematik an dëse Risiko, falls déi selwecht Konditioune proposéiert ginn,sech amplifiéieren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet de Ministère Kenntnis vun dem beschriwwenen Virgang, de proposéierte Konditiounen an hypotheetesche Konsequenzen? 

  2. Wéi huet sech déi genannte Recetten an de leschte 5 Joer entwéckelt? 

  3. Wéi ginn dës Recetten der Administratioun iwwerwisen, pro Mount, semestriell oder op eng aner Manéier?

  4. Geet et an déi beschriwwen hypotheetesch Richtung, huet de Ministère a senge Berechnunge vum Budget 2025 eng Baisse vun de Recettë mat aberechent? 

  5. Wäerte bei enger signifikanter Baisse vun de Recetten dës kontraktuell Konditioune reviséiert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1708

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt