Tammy Broers

Hallo, mäin Numm ass Tammy Broers. Ech sinn 1995 zu Esch/Uelzecht op d’Welt komm.
Ech si Landschaftsgäertnerin an elengerzéiend Mamm vun engem Bouf.
Dofir sinn ech frou dat ech nach bei mengen Eltere wunnen.

Mat der aktueller Politik wéisst ech net wéi ech mat menger Paie sollt iwwert Ronne kommen.

Eng anstänneg Wunneng mat engem Stéck Gréngfläch géif déi eng Halschent vu menger Paie kaschten. An eng Crèche oder Dagesmamm, déi aner Halschent.
An eng Wunneng déi ech mir kéint leeschten, kéint ech mäin Hond a meng aner Hausdéieren och net mathuelen.
Mäin Bouf ass mäin 1. Hobby. Ech ginn awer och gären op Mëttelaltermärt an -fester, an ähnlech Ausstellunge mat mengem Bouf.
Wéinst der ongerechter aktueller Politik sinn ech 2017 bei d’Pirate gaangen.
Ech setze mech a fir den Déiereschutz, erschwéngleche Wunnraum, Steierklass 2 fir jiddereen an den ëffentlechen Transport ouni Ticket.

Zesummenhang posts

Mir hunn an der Vergaangenheet schonn eng Rei Froen zum Dossier de Soins partagés (DSP) vun der Agence eSanté gestallt. Aus der Äntwert op
Den elektronesche Carnet de vaccination (CVE) à jour ze halen ass fir den Dokter  oder d’Doktesch am Moment relativ ëmständlech. Den Dokter oder d’Doktesch