Sven Clement – Spëtzekandidat Zentrum

Ech sinn e Beggener Jong vum Joergang 1989.

No der Primärschoul am Quartier hunn ech meng
Schoulcarrière am Lycée Aline Mayrisch absolvéiert, éiert ech zu
Saarbrécke Wirtschaftsinformatik studéiert hunn. Schonns an dënne Jore war ech politesch a
Schülercomité, CNEL, an AStA aktiv.
Am Oktober 2009 war ech ee vu 14 Grënnungsmembere vun der Piratepartei well ech mech vu
kenger anerer Partei representéiert gefillt hunn. Zënter 2013 gouf keng Wahl ausgelooss, well déi
etabléiert Parteien nach ëmmer net dat ëmsetze wat se verspriechen.
Am Juni 2014, no den Europawalen hunn ech eng eege Firma gegrënnt an esou genee erlieft wéi
et ass Aarbechtsplazen ze schafen a Responsabilitéit fir anerer z’iwwerhuelen.
Haut sinn ech, zesumme mam Jerry Weyer, Gerant vun 3 Firmen an hunn iwwert d’Joren eng
Dosen Aarbechtsplaze geschaaft.
Um private Plang sinn ech zënter dem 15. Juni 2017 mam Christine bestuet, dat ech zënter dem
Lycée kennen.
Nieft der Politik, dem Entreprenariat an der Famill verbréngen ech nach ëmmer Zäit um
Volleyballterrain, als Spiller vum VC Belair, Arbitter an am Verband.

Ech setze mech a fir e modernt a fairt Lëtzebuerg fir jiddereen,
wou keen op der Streck bleift!

Zesummenhang posts

Mam Gesetz vum 2ten November 2021 ass eng EU-Direktiv ëmgesat ginn, iwwert d’Kontroll vun der Proportionalitéit beim Accès zu verschiddene Beruffer. Am Mäerz 2023